Florian 2023 Mersch

EINLEITUNG

D’Pompjeeën vun der Gemeng Miersch feieren haut zesummen d’Fest vum hellege Florian, dem Schutzpatréiner vun de Pompjeeën. Dëst Fest gëtt an eiser Gemeng op mannst vun 1975 un gefeiert, also scho bal en halleft Joerhonnert. Et kann zwar sinn, datt et och schonn virun 1975 gefeiert gouf, mee do hu mir keng Spueren fond.
Wien ass den hellege Florian, a wat hutt hien mat de Pompjeeën ze dinn?
Dofir musse mir gudd 1700 Joer zeréck goen. Déi Zäit haten d’Réimer hallef Europa besat. Och hei zu Miersch waren déi Zäit Réimer, awer och an Eisteräich.
De Florianus, wéi séi réimesche Numm war, war en Zaldot, esou guer en Offizéier, an der réimescher Arméi. Hien war stationéiert zu Lauriacum, dat heescht haut Lorch an et ass en Deel vun der Stad Enns, déi um Floss mam selwechte Numm Enns läit. Dat ganzt läit an Oberösterreich, an der Géigend vu Linz.
No sengem Militärdéngscht hutt de Florian als “Kanzleivorstand” (eng Aart Generalsekretär) beim Statthalter (eng Aart Gouverneur) Aquilinus geschafft.
Em 300 no Christus ass et ënnert dem Keeser Diokletian zu de grousse Chrëschteverfolgungen komm. Vir d’éischt sinn déi chrëschtlech Gottesdéngschter verbueden ginn, hir Kierchen sinn zerstéiert ginn, d’Chrëschten sinn ëmmer méi schikanéiert ginn. Schliisslech sollten d’Chrëschten an de Prisong gehäit ginn an do gefoltert ginn, fir datt si hirem Glawen ofschwiere sollten. Soss géifen si zu Doud verurteelt.
An der Géigend, wou de Florian gelieft hutt, waren d’Chrëschteverfolgungen besonnesch schlëmm. De Florian selwer war an der Tëschenzäit an der Pensioun. Wéi hien awer dunn héieren hutt, datt zu Lorch 40 Chrëschten an de Prisong gehäit goufen an der Doud riskéiert hunn, ass hien dohin gereest, well hien gehofft hat, duerch seng Relatiounen kënnt hien eppes fir déi 40 Chrëschte maachen.
Wéi hien dunn an d’Stad Lorch koum fir mam Aquilinus ze schwätzen, hutt hien sech als Chrëscht ze erkenne ginn. Dorops hin ass hien dunn selwer an de Prisong gehäit ginn. Do ass hien dunn gefoltert ginn fir datt hien sengem Glawen ofschwiere sollt. Schliisslech gouf hien zum Doud verurteelt, Hien krut en décke Steen em den Hals gebonnen an dunn ass hien an de Floss Enns gehäit ginn, wou en dunn erdronk ass. Dat war de 4. Mee am Joer 304. Déi 40 Chrëschten, déi hien rette wollt, sinn spéider och am Prisong gestuerwen.
Dat war e Resumé vun sengem Liewen. Mee wat hutt dat mat de Pompjeeën ze dinn. Well hien duerch d’Waasser zum Doud koum, gouf hien oft mat engem Krou Waasser duergestallt. De Krou ass dunn vu verschidde Leit als Läschwaasser interpretéiert ginn.
Mee dat besonnescht um Florian ass seng Solidaritéit an seng Zivilcourage. Wann de Florian doheem bliwwe wier an sech roueg verhalen hätt, da wier him villäicht Näischt geschitt. Mee de Florian hutt sech op de Wee gemaach, fir senge Matmënschen an Nout ze hëllefen. Hie hutt sech a Gefore bruecht an hutt säi Liewe riskéiert a schliisslech esou guer verluer.
Wéinst senger Solidaritéit an sengem Zivilcourage ass de Florian e gudd Beispill fir eis Pompjeeën an all aner Leit aus dem Rettungswiesen.
Och an Zäite wéi haut, oder esouguer grad an Zäite wéi haut, gëtt ëmmer méi Zivilcourage an Solidaritéit vun eis gefuerdert, net nëmmen bei de Pompjeeën, mee och am zivillen Liewen.
Dofir feiere mir haut zesumme mam hellege Florian, d’Mass, fir all verstuerwen Pompjeeën, net nëmmen hei an der Gemeng, mee och fir d’Pompjeeën weltwäit.

Fürbitten

Allmächtegen a gudden Herrgott, mir wëssen datt mir ëmmer deng Hëllef brauchen an op déi Schutz ugewisen sinn. Och haut wëlle mir mat eisen Uleies an eise Suergen zu Dir kommen:
Beschütz all eis Pompjeeën op d’Fürsproch vum hl. Florian virun alle Geforen a Blessuren, souwuel bei hiren Übungen, wéi och am Eeschtfall.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis
Stärk de Geescht vu Frëndschaft bei de Pompjeeën a looss jiddwereen seng Platz an eiser Gemeinschaft fannen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis
Looss jiddwereen vun eis seng Fäegkeeten ze entdecken an ze entwéckelen. An hëllef eis, gutt mat Konflikter ëmzegoen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis
Schütz eis Géigend virun schwéieren Accidenter a Katastrophen, a gëff eis déi néideg Solidaritéit an alle schwieregen Situatiounen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis
Op ville Platzen op der Welt ginn et ëmmer erëm Katastrophen, grouss Accidenter, Terror a Krich. Looss déi betraffen Leit net verzweifelen a schenk hinnen nei Courage.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis
Et gëtt ëmmer méi schwiereg fir néi Memberen ze fannen a fir jonk Leit fir dësen Déngscht un der Allgemengheet ze begeeschteren. Schenk Du hinnen d’Bereetschaft sech an der Gemeinschaft anzebréngen.
Herrgott, héier eis …
Herrgott, erhéier eis
Hëllef speziell eise jonke Pompjeeën, dat si am Liewen ëmmer déi richteg Entscheedungen treffen an dat si och ëmmer een fannen, deen hinne nolauschtert, wann si Problemer hunn.
Herrgott, héier eis!
Herrgott, erhéier eis.
Den hl. Florian hutt fir säi Glawen u Jesus säi Liewen ginn. Looss eis All trei zu eisen Glawen stoen an an alle Liewenssituatiounen op Gott vertrauen.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis
Schenk alle verstuerwenen Pompjeeskomeroden dat éiwegt Liewen an déi éiweg Freed bei Dir.
Herrgott, héier eis.
Herrgott, erhéier eis
Här, eise Gott. Zesumme mam hl. Florian hu mir eis Dir elo am Gebiet uvertraut. Erhéier eis Fürbitten. Dorëms biede mir Dech duerch Jesus Christus, eisen Hiert a Brudder. 
Amen

xnxx, xvideos, xvideos, hentai, porn, xnxx, sex việt, Phim sex, tiktok download, mp3 download, download tiktok, Legitimately Meaning, save tiktok, MY FREE MP3, porno,